bc one a menger welt şarkı sözleri
An menger Welt gesinn ech wei Kolleegen den Droge verfalen
Fraen déi wëllen de Falsche gefalen
Frëndschaften déi aus Zweifel net halen
Gewalt tëschent Friemer
A keen Halt vun der Famill
Kolleegen déi keng Loscht méi hunn ze liewen
Well se kee Sënn an der Zukunft gesinn
Aarbecht net déi richteg an d'Paye vill ze wéineg
Kierper schwaach a Schlof mei wei néideg
D'Vergaangenheet kann net vergiess ginn
Och wann een et well
Well knapps vergiess ee bemierkt wéi et een erëm anhëlt
Gesi vill Freet
Awer och vill Trauer
fillen d'Sonn
Gesinn de Stuerm
A stinn an der Schauer
Gesinn d'Angscht déi een zeréck hält
Sue fir déi een engem Kolleeg souguer an de Réck fält
Den Drang wou d'Handele beaflosst an d'Loscht déi een täuscht
Den Alldag wou vergiess well ginn
Duerch Alkohol an Joints
Responsabilitéit wann een als Jugendlechen ee Kand huet
Bedenken déi eng Mamm huet
Awer bedenk dass nëmmen du däi Liewen an der Hand hues
Wat leeft mat der Welt?
Wat leeft mat der Welt?
An déier Welt
Ech gleewen nach ëmmer un dat gutt
Obwuel et maer schwéier fält
Well villes verléiert u Bedeitung
Dat Béist dreift d'Leit un
Aus puerer Verzweiflung
Denks de du misst opginn
Gesi wéi Leit drop sinn drop ginn
Ënner Drock stinn
An net méi eraus an d'Loft ginn
doropshin haut vermësst a muer fort sinn
Well se et verdrängen a mengen et wier besser wann se vun eis fort ginn
Jidderee wëll räich sinn
Déi meescht wëlle fräi sinn
Der Zwee wou just wollten dobäi sinn an duerch een Ongléck bäi ginn
Ech wou hei stinn
Du wou misst goen nach als Kand well wuars krank
der sidd villäicht gaang awer am Häerz bleift dir dran
All Dag en neie Kampf konfrontéiert mam Liewen
Wou jiddereen empfënnt wat keen anere ka spieren
An den Ae kanns de liesen wou maer dru sinn
kuck wei d'Menschen vun sech selwer belu ginn
Wat leeft mat der Welt?

