bc one check dës vibe şarkı sözleri
Check dës Vibe
Check this Shit, eyo man check dës Vibe
Mäi Flipp net fir Clicks, brauch keen Hype a keng Likes
Well fanne mech tight
Allday, All night
Genéck um nécken
Gëff ma the Rhythm an ka meng Noricht un dech rausschécken
Frees dech wéi
Deet lo wéi
Als géif ech eng Zicks op denger Hand ausdrécken
Wéi als géif deng Frëndin mat engem aneren an dengem Haus
An dech rausschécken an du eng Méck mëss,
Verréckt gëss,
Sou verréckt wéi den Hip Hip mech verréckt mëscht
Glécklech
Well all Dag sinn ech dankbar
schon de Mic an der Hand wollt hu wou ech nach e klengt Kand wuar
Op der Kanddaf, well de Paschtouer de Mic an der Hand hat
A sot kenns de net an d'Kierch da gëff de Leit dobaussen eppes op de Wee
Well du kanns dat
Ok HA, ech muss laachen, HA
Well hautzedags kann een all Ligen um Beat verkaafen
Verlafen, erschafe mir eng Welt voller Faarwen, och am donkelen
Kanns de mech net gesinn, da gesäis de meng Ae fonkelen
Check this Shit, eyo man check dës vibe,
Check this Shit, eyo man check dës vibe,
Check this Shit, eyo man check dës Vibe
Mäi Flipp net fir Clicks, brauch keen Hype a keng Likes
Well fanne mech tight
Allday, All night
Mäi Kapp dréint wei ee Beyblade
Hält net op well et fir mech béis klengt
Kënnt straight aus dem Minett vu Péiteng
Schéisst Wierder déi wéi dinn
Wisou well jidderee fame sinn,
Wann dës Szeen aus Konkurrenz besteet, da wëll ech keen Deel vum Game sinn
Denken un all déi wou ze frei ginn
Haale Momenter fest wann se schéi sinn
Well se hunn net dat nämmlecht Zil obwuel se um nämmlechte Gate stinn
Well net béis sinn
Awer wisou kann een net einfach Léift ginn
Villäicht well keng méi do ass, well schonn zevill selwer a sech verléift sinn
Bigedi BC One
Gëff ma eng Drums an ech leeë lass
Spill net op een deens de net bass well dat ass Degelass
DOFIR
Gëff ma de Mic, an keng Zeil gëtt bereit
Bedeit dass d'Musek mech beschreiwt
Betreit
Befreit
An dës Vibe mech grad dreiwt
DOFIR
Gëff maer de Beat, a sinn a mengem Element
Vun der Grenz, och wa keen et erkennt,
Spieren ech wéi d'Flam a maer brennt.
Jo well ech ginn net wäit
Ech gi just zeréck mat der Zäit
Wou et nach ëm d'Musek gaang ass
Ëm d'Musek a soss näischt
Check this Shit, eyo man check dës vibe,
Check this Shit, eyo man check dës vibe,
Check this Shit, eyo man check dës Vibe
Mäi Flipp net fir Clicks, brauch keen Hype a keng Likes
Well fanne mech tight
Allday, All night

