bc one hoffnung şarkı sözleri
Ech schreiwen dëse Bréif obwuel ech weess dass dee kee kritt
Spiers de wéi d'Realitéit dech aus dengen Dreem zitt
Wann d'Wouerecht mat Ligen iwwerdeckt gëtt
An du aleng duerch de Reen zitts
A Wäermt sichs déis du net ëmmer Doheem kriss
Befreit vu Ketten déi se dir wëllen undinn
Ech wënsche mer Kloerheet bei all deene Leit déi belu ginn.
Kanns du héieren, wéi alles méi haart gëtt
Wéi däi Kapp schafft an zu Gefiller Biller dran erschaaft
Ginn
Et falen Drëpsen aus den Ae beim Graf vun deenen déi vun eis gaang sinn
a jidderee mierkt wéi schnell d'Joere verlaf sinn
Ech hoffen dass ech daer an donkelen Zäite
Mat dëse Wierder ka Kraaft ginn
Obwuel ech weess dass keen an denger Lag
Ass
Dës Wierder ginn un dech och wanns du dech net ugesprach fills
Well och du dech heiansdo gebrach
An am Häerz e Stach fills
Ech spieren eng Laascht déi mech probéiert erof ze zéien
Wisou ech net vill Schlof kréien
Sinn d'Gedanken déi owes duerch mäi Kapp fléien
Ech maan d'Aen zou a loosse mech goen
Gleewen u wat ech soen,
Deele wat ech a maer droen
Se soen, d'Hoffnung stierwt als Lescht
So ma, kuckt da jiddereen dee bei daer ass, wann se stierwt ewech?
Och wann ech gesi wéi Saache schlecht lafen
Ginn et Saachen un deenens de kanns festhalen
An all Erënnerunge si begruewen, déif ënnert dem roude Buedem
Am Donkele gesinn ech Fuerwen
Well a maer ass d'Hoffnung net gestuewen
Jo wells du och gleefs esou wéi ech
Da kuck och dass du un dat gleefs wats de mëss
Well d'Hoffnung dech begleet, a beweegt wat an daer stécht
Da wëll ech nëmmen dass du weess dass et se gëtt
Jo wells du och gleefs esou wéi ech
Da kuck och dass du un dat gleefs wats de mëss
Well d'Hoffnung dech begleet, a beweegt wat an daer stécht
Da wëll ech nëmmen dass du weess dass et se gëtt
Wat sinn dat fir Zäiten an deenen eis Kanner grouss ginn?
So firwat Mënsche wéinst der Hautfaarf ausgestouss ginn?
Vill schénge frou obwuel se ënnerlech dout sinn
Well d'Méiglechkeete begrenzt awer d'Erwuadunge grouss sinn
Wou um Internet d'Wierder grouss sinn
Awer dobausse näischt rauskënnt
Wou iwwert eppes gestridde gëtt obwuel kee sech domat auskennt
Ausgegrenzt, duerch d'Art wéi e Mënsch ass
Wou de Status bestëmmt wat engem seng Stëmm ass
Wou näischt gemaach gëtt
Wann et net schlëmm ass
Wann net méi gelieft gëtt, bis engem seng Zäit ëm ass
An enger Zäit wou kee méi gleeft u wat gesot gëtt
Wou kee méi gefrot an d'Politik schonn ze oft gesot huet
Wann een am Dag net méi vill fräi Stonne fënnt
Wou een all Dag schaffe geet an awer net iwwer d'Ronne kënnt
Da verléier net d'Hoffnung
Wann näischt gemaach gëtt
Wann näischt gemaach gëtt, ausser wann ee bis dovu betraff ass
Wou d'Symbol vum Fridden eng Waff ass
An eng vun de gréisste Waffen deng Angscht ass
An deng Identitéit d'Flagg vun dengem Land ass
Sou Leit wéi ech, ginn net op a bleiwe standhaft
a loosse sech net ënnerkréie
Well eise Verstand schafft
An all Erënnerunge si begruewen, déif ënnert dem roude Buedem
Am Donkele gesinn ech Fuerwen
Well a maer ass d'Hoffnung net gestuerwen
Jo wells du och gleefs esou wéi ech
Da kuck och dass du un dat gleefs wats de mëss
Well d'Hoffnung dech begleet, a beweegt wat an daer stécht
Da wëll ech nëmmen dass du weess dass et se gëtt
Jo wells du och gleefs esou wéi ech
Da kuck och dass du un dat gleefs wats de mëss
Well d'Hoffnung dech begleet, a beweegt wat an daer stécht
Da wëll ech nëmmen dass du weess dass et se gëtt
Jo man du wees et
Ech sinn d'Sonn déi eraus kënnt wann et ophält mat reenen
Haal net op mat dreemen
Du bass deen eenzegen dee muss u sech gleewen