bc one huel mech mat şarkı sözleri
Huel mech kuerz mat dohinner wou et anescht ass
Wous de dech fräi kanns beweegen an entscheede wat fir dech Aarbecht ass
Wu d'Sonn schéngt, an de Reen dech moies erwächt
Jidderengem säi Recht
Egal vu wéi engem Glawen oder wéi ee Geschlecht
Dofir verléier, dech net zevill an denger Routine
Well et ginn, nach souvill schéi Saachen an Plazen ze gesinn
Wou geet et hin?
Looss dech net stoppen
Keng Zäit ze blocken
Keng Zäit dech ze verstoppen
Et gëtt Zäit, Zäit ze notzen
Ech hoffen
Och bei deem Gefill dass et kee Wäert huet
Ass et vill Wäert wanns du dech selwer gär hues
Hues du héieren?
Et gëtt kee Grond sech ze verstellen
Wann eng Persoun daer feelt
Ass et net ze spéit fir sech ze mellen
Dofir meng net si besser wa méiglech nach schlëmmer
Mee ech wëll dass de weess dass wanns de eppes wëlls
Keen dech drun hënnert
Well
Wisou solls de opginn oder noginn
Deel deng Gefiller mat Mënschen déi dir no stinn
Wells de net weess ob se muer nach do sinn
Huel mech mat an ech ginn daer no
Scho laang ënnerwee wéini si mir sinn do?
Egal wouhin ech sinn dobäi
Haaptsaach de Kapp ass fräi
Huel mech mat komm maer ginn elo
Ass et nach wäit?
Ech menge maer sinn do
Egal wouhin haaptsaach do ass Rou
An wisou?
Well da sinn ech frou
Egal ob Leschten oder Éischten, erkenn deng Qualitéiten
D'Liewen ass eng Achterban voller Héichten an Déiften
A voller Geschenker
Eng Rees mat ville schéinen an elle Momenter.
Mat gudde souwéi schlechten Zäiten
Kuck net ëmmer enger Persoun seng schlecht mee och déi gutt Säiten
Et kritt een net alles ze gräifen dat muss de begräifen,
Dech net fläissen, an ophalen dech mat aneren ze vergläichen
Dofir schätz Klengegkeeten da gëss de villäicht zefridden
Well dat wats de haut erliefs gi wanns de méi al bass deng Geschichten
Hal op dech ewechzegeheien
Fänk un dech vun alle Laaschten ze befreien
Well se weien, fänk un daer selwer an aneren ze verzeien
Gëff daer net ëmmer Schold, och wanns de dat net sou wolls
Alles mat Rou a Gedold
Och wann et nach net sou ass wéi et soll
Dofir stell der vir et gi keng Maueren
Du vergëss en Moment alles ronderëm dech
A léis dech nei verzauberen
Dann
Huel mech mat an ech ginn daer no
Scho laang ënnerwee wéini si mir sinn do?
Egal wouhin ech sinn dobäi
Haaptsaach de Kapp ass fräi
Huel mech mat komm maer ginn elo
Ass et nach wäit?
Ech menge maer sinn do
Egal wouhin haaptsaach do ass Rou
An wisou?
Well da sinn ech frou
Ech si grad frou, a loosse mech einfach leeden
Maer mécht et Freed meng Freed kënnen ze deelen
Ech weess net ob all Wiss fënnt een déi schéinste Blummen
Mee muss du kräischen da looss et raus
Well du brauchs dech fir näischt ze schummen
Well jiddereen interpretéiert eppes anescht
Och wann een direkt doniewent steet,
Wee weess usech ëm wat et am Liewen wierklech geet
Sich deng Stëmm a fann se an denger Wierklechkeet
Sich kee Sënn
sich däi Sënn an sief op alles virbereed
Wei?
Mäi Liewen ass dach scho bestëmmt bestëmmt
Ka sinn
Also ech huelen et einfach wéi et kënnt
Huel mech mat
Wouhin?
Ech weess et och net
Iergendwou fräi vun alle Suergen a wou et frësch Loft gëtt
Getosch gëtt
Kee Boss gëtt
An net geschoss gëtt
Fräi ass, net wéi vun enger Sucht vun déier een net fort kënnt
Déi Platz as waarm och am déifste Wanter
Kanns de se net fannen, da fenns de se och an der
Dann huel mech mat
Huel mech mat an ech ginn daer no
Scho laang ënnerwee wéini si mir sinn do?
Egal wouhin ech sinn dobäi
Haaptsaach de Kapp ass fräi
Huel mech mat komm maer ginn elo
Ass et nach wäit?
Ech menge maer sinn do
Egal wouhin haaptsaach do ass Rou
An wisou?
Well da sinn ech frou

