bc one meng siicht şarkı sözleri
Ech berichten aus dem Liewen
Wann ech dës Wierder verfaassen
Ech berichten aus dem Liewe wann ech dës Wierder verfaassen
A befaasse mech mat Saachen déi mech belaaschten
Et gëtt näischt ausser dat hei, wat daer besser weist wéi ech sinn
A gesi wéi se ginn, obwuel se net wëlle goe wou se ginn
Ech sinn
E Resultat vun deem wat ech wëll sinn
An ech schreiwen, beschreiwen iwwer Saachen déi ech gesinn
Ech stinn
Tëschent zwee Still wou kee wëll Platz maachen
Well kee weess wou seng Platz ass
Well wanns de net an d'Schema pass fir meescht eng Laascht bass
Wat ass d'Thema?
Ma t'ass net virginn
Du muss net dogéint oder dofir mee muss am renge mat dir sinn
Ginn awer dogéint wa si maer wëllen eppes virginn
Well nëmme mäi Kapp entscheed
Wéi meng Been no vir ginn
Ech ginn e Bild vir a si fir Kanner een Virbild
Kee weess weiee Film sech a mengem Gehier spillt
Awer keen deen eppes virspillt
Wa mir eppes zousteet
Ech dat net gären hierginn
Wa Resultater sou falsch si wéi d'Laache vun deenen déi gewielt ginn
Ech berichten aus dem Liewe wann ech dës Wierder verfaassen
Wann een net mëscht wat vun engem erwaart gëtt
Droe keen Kräiz awer spieren d'Energie déi maer Kraaft gëtt
Gerechtegkeet wou mat Schäiner kaf gëtt
Mënschen déi roueg sinn
Wann et ze haart gëtt
Ween entscheet gär iwwer mäi Kierper?
Wann ech gesi wéi d'Mënsche matenee sinn da feele maer d'Wierder
Meenungen ännere wei d'Wieder
Probleemer bleiwe wéi däi Kär
E Laache kann täusche wann d'Séil ënnerlech bläert
E Verhale kann ännere wann een am Ënnere fäert
En Zil léisst ee gleewe well en dech ëmmer rëm stäerkt
Net alles ass fair
An net alles ass et derwäert
Net alles wat ee fillt kritt een a Wierder erkäert
Dofir looss mech probéieren daer meng Siicht ze beschreiwen
Eng Méiglechkeet daer en Abléck a meng Welt ze weisen
Du gesäis mech kämpfen
Ech gesi mech verteidegen
Gedanke gi festgehal well ech schreiwe rëm
Ech berichten aus dem Liewe wann ech dës Wierder verfaassen

