bc one nach ëmmer şarkı sözleri

Fills de de Beat spiers de wéi de Kapp sech beweegt Et fillt sech nach ëmmer wéi am Ufank u wann de Beat bis leeft Nach ëmmer am Krees op menger Rees Och wann et reent och wanns du dat net weess Begleet vum Hip Hop dee mech versteet bis an d'Éiwegkeet wann et geet Can I kick it? Jo ech sinn prett, zesumme mat puer MC's, am Krees an engem Eck Ech hunn nach vill Styles a Rhymes am Gepäck Check Leeft de Beat fillen ech mech direkt wéi doheem Vu wou ech kommen, aus dem 47 da weess de bescheed Du kéins dech awer och mol richteg virstellen! Nerv net soss wäert ech déi ganz Nuecht un denger Dier schellen Ech melle mech, a sinn net alleng Looss mech maachen, looss mech rappen a scratche komme vum BTM Souvill Pläng Souvill Baustelle mee um Enn steet en Haus Bis dohi loossen ech meng Gefiller op Beats raus Well et ass dat wat ech brauch Well et geet net drëms dass de vun engem bewäert gëss Deen drop kee Wäert gëtt Et geet drëms dass du egal wats du mëss Mat ganzem Häerz mëss A wann ech Feier spitten gëtt et der waarm an du kriss Féiwer FIRWAT? Jo well ech bréngen daer de Minetter Flavour Fills de den Beat spiers de wéi de Kapp sech beweegt Ech fillen de Beat spieren wéi de Kapp sech beweegt Et hält mech waarm bei kalen Deeg an der Keelt Et ass a ma egal wou ech ginn nach ëmmer fir mech A jidderee wou et fillt Hues du och heiansdo d'Gefill alles gëtt ze vill Dann néck mam Kapp wanns du et fills Ech bréngen de Sound deen däi Kapp beweegt Nach ëmmer Esou laang dëst Gefill mech begleet So ma ween? Ka mir dat huelen ech si mer secher keen Och wa kee sech versteet well jiddereen ass Duerch an duerch duercherneen Ya well behuele kann ech mech Mee wollt ech nach ni Heinasdo stinn ech riicht mee verléieren d'Gläichgewiicht Gewiicht op menge Schëlleren Kee ka mech hënneren Wann Erënnerunge plënnere well ech mech drun erënneren Ëmmer rëm déi Ënnerstëmm, déi a mir ënner kënnt Nach ëmmer dat Gefill wat net verschwënnt a mengem Ënneren Jo ech géif och weider rappe wann de Beat géif fortgoen Well opstoen Oft Froen Stopp soen Well mir dat an eiser Broscht droen Meng Stëmm, begleet vum Dj op verschidde Bühnen Nach ëmmer ass d'Inspiratioun de Süden Fills de de Beat spiers de wéi de Kapp sech beweegt Nach ëmmer De Sound dee mech begleet Nach ëmmer de Kapp dee sech dozou beweegt Nach ëmmer De Sound deen dech begleet Nach ëmmer de Kapp dee sech dozou beweegt Nach ëmmer De Sound deen eis begleet Nach ëmmer de Kapp dee sech dozou beweegt. Nach ëmmer De Sound dee mech begleet Well egal wat kënnt dat hei ass ëmmer bliwwen
Sanatçı: BC One
Türü: Belirtilmemiş
Ajans/Yapımcı: Belirtilmemiş
Şarkı Süresi: 3:38
Toplam: kayıtlı şarkı sözü
BC One hakkında bilgi girilmemiş.

Fotoğrafı