bc one nach ëmmer şarkı sözleri
Fills de de Beat spiers de wéi de Kapp sech beweegt
Et fillt sech nach ëmmer wéi am Ufank u wann de Beat bis leeft
Nach ëmmer am Krees op menger Rees
Och wann et reent och wanns du dat net weess
Begleet vum Hip Hop dee mech versteet bis an d'Éiwegkeet wann et geet
Can I kick it?
Jo ech sinn prett,
zesumme mat puer MC's, am Krees an engem Eck
Ech hunn nach vill Styles a Rhymes am Gepäck
Check
Leeft de Beat fillen ech mech direkt wéi doheem
Vu wou ech kommen, aus dem 47 da weess de bescheed
Du kéins dech awer och mol richteg virstellen!
Nerv net soss wäert ech déi ganz Nuecht un denger Dier schellen
Ech melle mech, a sinn net alleng
Looss mech maachen, looss mech rappen a scratche komme vum BTM
Souvill Pläng
Souvill Baustelle mee um Enn steet en Haus
Bis dohi loossen ech meng Gefiller op Beats raus
Well et ass dat wat ech brauch
Well et geet net drëms dass de vun engem bewäert gëss
Deen drop kee Wäert gëtt
Et geet drëms dass du egal wats du mëss
Mat ganzem Häerz mëss
A wann ech Feier spitten gëtt et der waarm an du kriss Féiwer
FIRWAT?
Jo well ech bréngen daer de Minetter Flavour
Fills de den Beat spiers de wéi de Kapp sech beweegt
Ech fillen de Beat spieren wéi de Kapp sech beweegt
Et hält mech waarm bei kalen Deeg an der Keelt
Et ass a ma egal wou ech ginn
nach ëmmer fir mech
A jidderee wou et fillt
Hues du och heiansdo d'Gefill alles gëtt ze vill
Dann néck mam Kapp wanns du et fills
Ech bréngen de Sound deen däi Kapp beweegt
Nach ëmmer
Esou laang dëst Gefill mech begleet
So ma ween?
Ka mir dat huelen ech si mer secher keen
Och wa kee sech versteet well jiddereen ass
Duerch an duerch duercherneen
Ya well behuele kann ech mech
Mee wollt ech nach ni
Heinasdo stinn ech riicht mee verléieren d'Gläichgewiicht
Gewiicht op menge Schëlleren
Kee ka mech hënneren
Wann Erënnerunge plënnere well ech mech drun erënneren
Ëmmer rëm déi Ënnerstëmm, déi a mir ënner kënnt
Nach ëmmer dat Gefill wat net verschwënnt a mengem Ënneren
Jo ech géif och weider rappe wann de Beat géif fortgoen
Well opstoen
Oft Froen
Stopp soen
Well mir dat an eiser Broscht droen
Meng Stëmm, begleet vum Dj op verschidde Bühnen
Nach ëmmer ass d'Inspiratioun de Süden
Fills de de Beat spiers de wéi de Kapp sech beweegt
Nach ëmmer
De Sound dee mech begleet
Nach ëmmer de Kapp dee sech dozou beweegt
Nach ëmmer
De Sound deen dech begleet
Nach ëmmer de Kapp dee sech dozou beweegt
Nach ëmmer
De Sound deen eis begleet
Nach ëmmer de Kapp dee sech dozou beweegt.
Nach ëmmer
De Sound dee mech begleet
Well egal wat kënnt dat hei ass ëmmer bliwwen

