bc one péiteng şarkı sözleri
Péiteng
Huet mech mat Hip Hop verbonnen
Dofir representen ech deen Eck aus deem ech kommen
Säit
Klengem op, sinn ech hei grouss ginn
Gepräägt duerch Erfarungen, déi gemaach hunn, dass ech esou sinn
Trëppelen duerch d'Stroossen an hunn Arennarungen op alle Plazen
All Weeër
All Gaassen
All Gesiichter, an Zäiten déi mir haten
Ech denken un iech all, och wa maer eis net oft gesinn
Well och daer hutt mech gemaach wei ech sinn.
4 Elementer a siwe Saachen déi ech paken,
A maer huelen dech mat an eis Géigend a weisen daer wat maer maachen
Jo nach emmer verbreeden ech des Wierder un all Leit raus
Well sou gesäit
Hip Hop
Bei eis aus
An dëser Géigend trëffste op komesch Gestalten
A wann et däischter gëtt gesäit ee wéi et ouni Grond zu Gewalt kënnt
Déi meescht sinn hei skeptesch a vertraue kengem
An awer fillen ech mech hei wuel
Well et keng Plaz gëtt déi ech besser kennen
Gesinn
Vill déi sech no baussen haart weisen
An ënnerlech Ängscht hunn
Fréier all zesummen an haut duerch Konflikter
Fill Weeër sech getrennt hunn
Opgewues, tëschent Minnen a Fabriken
Flicken an Dealer wou verticken,
A Leit déi sech op der Haaptstrooss picken
Tëschent Léift déiste spiers
An Haass deen sech verbreet
Saachen déiste weess
A Saachen déi een net seet
Tëschent Mënschen déi um Enn sinn, al Mënschen dei alleng sinn
Jonker déi gekränkt sinn, a Kolleegen déi keng sinn
De Péitenger Wand bléist an all Richtung
Jo wou ass d'Fräiheet dei mear och schonn deemools gesicht hunn
Kuck hei spierste wat Léift bréngt, mat Rap dee béis klengt,
ech representen dës Géigend, dës Zuel, an dat ass
Péiteng

