bc one vergiessen net şarkı sözleri

Wisou ech iwwer meng Géigend schreiwen? Well egal wou ech ginn Déi Platz vu wou ech kommen waert bleiwen Looss mech daer weisen, fir dass de kanns verstoen Dat all Wierder déi ech soen, ech dozou stinn a maer droen Ech vergiessen keng Menschen Déi an mengem Häerz sinn Keng Erënnerungen un déi ech gär zeréck denken An déif a maer sinn Keng Platzen op déi ech nach ëmmer gär ginn Keng Gefiller déi duerch meng Gedanken drun erëm verstäerkt ginn Ech denken zeréck u meng Kandheet Zeréck u meng Jugend Zeréck u Nuechten ëmginn vu bloe Luuchten Un all Leit déi sech scho geiert an Emotiounen a sech gefriess hunn Och wanns de et net mengs, denk net dass ech dech vergiess hunn All Momenter déi eis kee kann huelen, Well maer se erliewt hunn All Kéiers wou ech de Mic an der Hand hat An all Wuert mat deem ech eppes bewierkt hunn U jiddereen dee mech op mengem Wee begleet huet Deen trotz Leed, fir sech steet, a keng Ligen verbreet huet D'Laachen vun menger Mamm wat näischt ersetze kann All Entscheedung déi ee fir sech trëfft An een net gewollt verletze kann Mäi stuere Kapp dee sech doheem oder Dobaussen oft wollt duerchsetzen iwwer mäi Stolz deens de héiers wann ech iwwer dëst Duerf rappen. Dat heite geet un all déi Leit U jiddereen deen engem eppes bedeit U jiddeeren deen net vergësst awer verzeit Dee säi Liewe mat sengem Häerze schreift Ech vergiessen keng Leit déi ech an déi mech schätzen A jiddereen huet seng Platz déi kee kann ersetzen Looss mech dech erwäche well du hues nach vill vir Et gëtt keen deen d'Flam an daer ka läschen Well an daer dat Gefill liewt Ech bemierke wéi vill Jonker Existenzängscht hunn Ech denken un déi Leit déi et net einfach haten An awer weider gekämpft hunn Un all Leit mat deenen ech bis owes spéit op der Bänk houng All Biller déi ech net bewosst verdrängt hunn Et wuar net ëmmer schéin an dat fir eis all Dofir kuck ronderëm dech a fro dech wat gëtt daer Halt Well kee fir dech däi Liewe gestalt Zevill Gewalt Wéineg Gehalt An eng Regierung déi eis spléckt Déi meescht sichen no Gléck, a fannen et a falschen Saachen Verléieren hiert Laachen Well dat Gléck wat si sichen een net ka kafen Ech maachen dat heiten an éischter Stell fir mech An dass dës Wierder kee vergësst Ech hu scho vill gesinn An NEE vergiessen net firwat ech stinn An och net déi Platz vu wou ech sinn D'Art wéi ech sinn, an d'Manéier wéi ech schwätzen beschreiwt mech als Persoun an de Stolz deens de héiers wann ech rappen Dat heite geet un all déi Leit U jiddereen deen engem eppes bedeit U jiddeeren deen net vergësst awer verzeit Dee säi Liewe mat sengem Häerze schreift
Sanatçı: BC One
Türü: Belirtilmemiş
Ajans/Yapımcı: Belirtilmemiş
Şarkı Süresi: 3:15
Toplam: kayıtlı şarkı sözü
BC One hakkında bilgi girilmemiş.

Fotoğrafı