bc one wéi et ass şarkı sözleri

OK Owes ënnerwee a menger Géigend Vum Basket op d'Skate Um gielen Wee bis bei d´Eigend Versta vun dësem Sound dee mech dréit Fir dee mäin Häerz schléit vun moies fréi Bis owes spéit Wéi et wuar? Ass anescht wéi et ass Véier Joer fort kommen zeréck a spieren hu villes verpasst Et ass wéi et ass egal wat dir sot Well bass de vun hei sinn nach ëmmer déi richteg do Hu fréi gesi wéi Leit wollten fléien an misste falen Déi keen Doheem méi haten An owes missten dobausse schlofen am Kalen De Mond missten halen well ee se am Aen huet Schäiner gebraucht hu well d'Situatioun et verlaangt huet Dofir vill Vill ze vill iwwerfuerdert mam Liewen Déi keng Hoffnung méi spieren a sech verieren D'Fassade briechen Ech stinn doniewent Dass sou wéi ech et erliewen Dofir looss mech erzielen Zielen daer wéi et ass Erzielen daer wéi et wuar Zäiten an aner Säiten aus dem Alldag WAT Ass ee Grond wisou ech dat man? Well meng Leit ginn net verstan Ginn ënnerdréckt scho laang An hunn es sat Zielen daer wéi et ass Erzielen daer wéi et wuar Vu Geschichten déis du net kenns hannert der Fassade WAT Firwat si maer déi beis an hiren Aen Wann dat wat mir maan nëmmen dat ass Wat eist Häerz verlaangt OK Owes ënnerwee a menger Géigend Wou villes verstoppt gëtt Wat se am léifsten gär wéissten Jidderee weess dass ech net schlëmm sinn Awer eng Stëmm sinn An gutt begleet duerch déi Leit déi mech ëmginn Mat deenen ech scho laang befrënt sinn Vill säitdeem ech kleng sinn Ee Gefill fir déi wou keng Kraaft un déi wou fir sech alleng stinn Net wéi et wuar an ech oft déi Zäite vermëssen Déi eng schnëssen wëlle Spuere verwëschen an Déi richteg déi wëssen Nach ëmmer Gemëschte Gefiller wat net soll sinn Am Kapp Biller fir déi ech selwer Schold sinn Owes spéit Kaputz sëtzt déif A Gedanken verdéift während D'Häerz rëm am Takt schléit De Kapp wei jo bleif stabil an hal de Kapp héich Momenter déi dech beweegen déis de mat daer mat dréis Egal aus wéi engen Natiounen Situatiounen oder Schichten Maer deelen eng Géigend an eis verbannen déi Geschichten Zielen daer wéi et ass Erzielen daer wéi et wuar Zäiten an aner Säiten aus dem Alldag WAT Ass ee Grond wisou ech dat man? Well meng Leit ginn net verstan Ginn ënnerdréckt scho laang An hunn es sat Zielen daer wéi et ass Erzielen daer wéi et wuar Vu Geschichten déis du net kenns hannert der Fassade WAT Firwat si maer déi beis an hiren Aen Wann dat wat mir maan nëmmen dat ass Wat eist Häerz verlaangt
Sanatçı: BC One
Türü: Belirtilmemiş
Ajans/Yapımcı: Belirtilmemiş
Şarkı Süresi: 3:02
Toplam: kayıtlı şarkı sözü
BC One hakkında bilgi girilmemiş.

Fotoğrafı