bc one wéi et ass şarkı sözleri
OK
Owes ënnerwee a menger Géigend
Vum Basket op d'Skate
Um gielen Wee bis bei d´Eigend
Versta vun dësem Sound dee mech dréit
Fir dee mäin Häerz schléit vun moies fréi
Bis owes spéit
Wéi et wuar?
Ass anescht wéi et ass
Véier Joer fort kommen zeréck a spieren hu villes verpasst
Et ass wéi et ass egal wat dir sot
Well bass de vun hei sinn nach ëmmer déi richteg do
Hu fréi gesi wéi Leit wollten fléien an misste falen
Déi keen Doheem méi haten
An owes missten dobausse schlofen am Kalen
De Mond missten halen well ee se am Aen huet
Schäiner gebraucht hu well d'Situatioun et verlaangt huet
Dofir vill
Vill ze vill iwwerfuerdert mam Liewen
Déi keng Hoffnung méi spieren a sech verieren
D'Fassade briechen
Ech stinn doniewent
Dass sou wéi ech et erliewen
Dofir looss mech erzielen
Zielen daer wéi et ass
Erzielen daer wéi et wuar
Zäiten an aner Säiten aus dem Alldag
WAT
Ass ee Grond wisou ech dat man?
Well meng Leit ginn net verstan
Ginn ënnerdréckt scho laang
An hunn es sat
Zielen daer wéi et ass
Erzielen daer wéi et wuar
Vu Geschichten déis du net kenns hannert der Fassade
WAT
Firwat si maer déi beis an hiren Aen
Wann dat wat mir maan nëmmen dat ass
Wat eist Häerz verlaangt
OK
Owes ënnerwee a menger Géigend
Wou villes verstoppt gëtt
Wat se am léifsten gär wéissten
Jidderee weess dass ech net schlëmm sinn
Awer eng Stëmm sinn
An gutt begleet duerch déi Leit déi mech ëmginn
Mat deenen ech scho laang befrënt sinn
Vill säitdeem ech kleng sinn
Ee Gefill fir déi wou keng
Kraaft un déi wou fir sech alleng stinn
Net wéi et wuar an ech oft déi Zäite vermëssen
Déi eng schnëssen wëlle Spuere verwëschen an
Déi richteg déi wëssen
Nach ëmmer
Gemëschte Gefiller wat net soll sinn
Am Kapp Biller fir déi ech selwer Schold sinn
Owes spéit
Kaputz sëtzt déif
A Gedanken verdéift während
D'Häerz rëm am Takt schléit
De Kapp wei jo bleif stabil an hal de Kapp héich
Momenter déi dech beweegen déis de mat daer mat dréis
Egal aus wéi engen Natiounen Situatiounen oder Schichten
Maer deelen eng Géigend an eis verbannen déi Geschichten
Zielen daer wéi et ass
Erzielen daer wéi et wuar
Zäiten an aner Säiten aus dem Alldag
WAT
Ass ee Grond wisou ech dat man?
Well meng Leit ginn net verstan
Ginn ënnerdréckt scho laang
An hunn es sat
Zielen daer wéi et ass
Erzielen daer wéi et wuar
Vu Geschichten déis du net kenns hannert der Fassade
WAT
Firwat si maer déi beis an hiren Aen
Wann dat wat mir maan nëmmen dat ass
Wat eist Häerz verlaangt

